De Parquet vu München huet eng Plainte géint den Ex-Audi-Chef Stadler gemaach, grad wéi géint 3 aner Persounen. Dëst am Kader vum Diesel-Skandal.

Dem Rubert Stadler gëtt ënner anerem Bedruch a strofbar Publicitéit reprochéiert. Den Audi-Manager soll Enn 2015 scho vum Diesel-Bedruch gewosst hunn, awer näischt ënnerholl hunn.

Dat huet de Münchener Parquet um Mëttwoch de Moie matgedeelt.

De Rupert Stadler war vun 2007 bis 2018 Chef vun der Audi AG, hien huet wéinst der Diesel-Affär zu Ingolstadt missten den Hutt huelen.