De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet en Donneschdeg um Hallefnuecht ëm 2,5 Cent erof op dann 1,085 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt méi gënschteg: 2,6 Cent geet deen erof op 0,607 Euro de Liter, de schwiefelaarme Masutt (50ppm) fält ëm 2,5 Cent op 0,606 Euro de Liter.

Da fält nach den Äerdgas: Hei mécht d'Baisse 1,7 Cent aus op 0,760 Euro de Kilo.