Fir de Fall, wann en Accident mat engem Déier net méi ze verhënneren ass, gëllt et virop ze bremsen, ouni sech oder aner Leit a Gefor ze bréngen.

Op kee Fall sollt een engem Déier op der Strooss auswäichen. Wann een en Déier ugestouss huet, sollt een d’Plaz ofsécheren an ewech vum Déier bleiwen. Et soll een den 113 uruffen.

D’Police schéckt nämlech dann de Fierschter oder Ponts et Chaussées op d’Plaz fir nom Déier ze kucken. Ausserdeem stellt d’Police eng Attestatioun aus, déi een der Assurance muss virleeën, fir den eventuelle Schued um Auto rembourséiert ze kréien.