Vëlosfuerer däerfen elo offiziell a béid Richtungen duerch d'Rue des Romains zu Stroosse fueren. Busarrêten op där Streck gi suppriméiert.

No laangem Hin an Hir huet de Stroossener Gemengerot beschloss, dass d'Vëlosfuerer op der Rue des Romains tëscht de Kräizunge mat der Rue des Prés an der Rue de la Chapelle elo a béid Richtunge fueren däerfen.

Op dësem Deel vun der Rue des Romains an och op der Rue Marguerite Thomas-Clement dierfen dann och keng Gefierer mat méi wéi 3,5 Tonne fueren. Dës däerfen och op der Rue des Près net méi an d'Rue des Romains ofbéien.

Vun der Rue Marguerite Thomas-Clement däerfe just nach Vëlosfuerer no lénks an d'Rue des Romains ofbéien.

© RTL-Grafik

Wéinst dëse Mesure gëtt vun en Dënschdeg un de Busarrêt "Bechel" an der Rue des Romains gestrach. Alternativ sollen d'Leit de Busarrêt "Kesseler" op der Route d'Arlon benotzen, heescht et vun der Gemeng.

All dës Ännerungen gëlle fir eng Testphase vun engem Joer.