Vum 15. September 2019 u ginn et Changementer bei den Horairen am Busreseau. Et kommen nei Linnen a verännert Horairen.

Vum 15. September 2019 wäerten et am Busreseau RGTR eng jett Changementer ginn: d'Aféierung vun neie Buslinnen d'Adaptatioun vun den Horairen. Déi nei Linne wäerten haaptsächlech Schoulbusser sinn.

Dëst sinn déi 10 nei Linnen:

  • 103  Luxembourg - Niederanven - Gonderange - Junglinster (courses scolaires)
  • 141  Canach - Wormeldange - Grevenmacher - Junglinster (courses scolaires)
  • 146  Itzig - Erpeldange - Mondorf (courses scolaires)
  • 181  Luxembourg - Dalheim - Mondorf (courses scolaires)
  • 186  Lenningen - Remich - Schengen - Mondorf (courses scolaires)
  • 214  Bascharage - Mamer - Steinsel - Blaschette - Junglinster (courses scolaires)
  • 302  Fentange - Bettembourg - Mondorf ( courses scolaires)
  • 489  Osweiler - Echternach - Consdorf - Junglinster (courses scolaires)
  • 513  Ettelbruck - Z.I. Fridhaff Ouest (Nordstadbus)
  • 514  Beaufort - Heffingen - Junglinster (courses scolaires)

Linn 301

D'Linn 301, déi bis an d'Ausland fiert, frequentéiert méi dacks den Dag an och samschdes.

Linnen 150, 160, 162 an 163

Am Kader vum Tramschantier ginn d'Linnen 150, 160, 162 an 163 adaptéiert. Déi betraffe Linne fuere vum Arrêt "Rue Heine" fort a kommen och do un a frequentéieren den Arrêt "Roosevelt" nëmmen Richtung Stad.

Changementer vun den Nimm vu verschidden Arrêten zu Klierf, Pëtschent a Wëntger

An dëse Gemenge kréien eng Réi Arrêten nei Nimm. D'Awunner wäerte Flyeren ausgedeelt mat de geneeën Detailer vun de Changementer.