Déi Lénk Stad sinn net averstanen domat, wéi de Boulevard Roosevelt an der Stad soll reamenagéiert ginn.

Amplaz dës Achs fir den ëffentlechen Transport an d'mobilité douce ze reservéieren, dierfte weiderhin Autoen do fueren.
Wéi wann d'Klimaurgence net géing existéieren, soen déi Lénk aus der Stad a verweisen drop, datt hei eng gutt Geleeënheet verpasst gi wier, fir eppes ze maachen. De grénge Minister François Bausch hätt hei kéinte weisen, datt een d'Situatioun eescht hëlt.

Déi Gréng wiere bei der Ëmweltpolitik net op der Héicht, soen Déi Lénk a verlaange méi strikt Mesuren. D'Plaz fir den Auto soll systematesch reduzéiert ginn an der Stad, fir ze fueren a fir ze parken. D'Vitess an der Stad soll systematesch op 30 erof gesat ginn. Weeër fir den ëffentlechen Transport a fir Vëloe solle privilegiéiert ginn.