De Maximalpräis fir de Liter 95er (E10) geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 1,7 Cent erof op dann 1,202 Euro de Liter.

Den 98er Octan (E5) fält ëm 1,2 Cent op 1,272 Euro de Liter.

Da gëtt och de Mélange 2-T ëm 1,2 Cent méi bëlleg. Dee kascht dann nach 1,795 Euro de Liter.

De schwiefelaarme Masutt klëmmt ëm 2,2 Cent op 0,628 Euro de Liter. De schwiefelfräie Masutt (10 ppm) bleift dogéint bei 0,617 Euro de Liter.