Anescht wéi de groussen amerikanesche Rival General Motors, hätt ee keng Pläng Europa ze verloossen, sot den Europa-Chef vum Konzern um Bord vun der IAA.

Et wier een zanter iwwer 100 Joer hei an dat soll och nach vill Joren sou bleiwen. General Motors dogéint huet seng Duechtergesellschaft Opel un de franséischen Peugeot- a Citroën-Konstrukteur PSA ofgetrueden a sech op den amerikanesche Marché konzentréiert.

Ford hat Enn Juni den Ofbau vun 12.000 Aarbechtsplazen, deemno all fënnefte Posten, an Europa annoncéiert. Fënnef Wierker, dräi a Russland an allkéiers een a Frankräich an a Groussbritannien, ginn zougemaach. Et gëtt och eng Fabrick an der Slowakei verkaf. Ford soll bis Enn vum Joer 2020 nach 18 Wierker an Europa hunn. D'Zentral vum Autoskonstrukteur ass zu Köln. Déi Responsabel vu Ford rechnen domat, dass bis d'Joer 2022 d'Halschent vun den Autoen déi een Europa verkeeft, Hybrid- oder Elektroautoe sinn.