D'Bréck, déi um Ettelbrécker Contournement iwwert de Kierfecht geet, ass an engem schlechten Zoustand a muss gefléckt ginn.

Dat äntwert de Minister fir ëffentlech Aarbechten op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum ADR-Norddeputéierten  Jeff Engelen.

Wéini dee Schantjen, deen dierft fir zolidd Kniet am Trafic suergen, ufänkt gëtt net präziséiert.

D'Schied un der Bréck sinn op Salzwaasser zeréckzeféieren, dat op d'Struktur gerënnt ass, sou schreift et de François Bausch.

© Googlemaps.com

D'Stabilitéit vun der wichteger Bréck, déi 1982 gebaut gouf, wier awer garantéiert an déi beschiedegt Deeler géife keng Gefor fir d'Leit an Automobilisten duerstellen. D'Bréck géing ënner Observatioun stoen.

Weider präziséiert de Minister Bausch, datt den allgemengen Zoustand vun de Brécken am Land "gutt" wier. Den Abléck géif just eng Bréck besonnesch iwwerwaacht ginn; dëst ass en Ouvrage d'Art, en Tunnel vun der Linn 10 an den Norden.