Tëscht Juli zejoert a Juni dëst Joer goufen et bei 863 Kontrollen laanscht d'Stroossen am Land 63.897 Infraktiounen, déi festgestallt goufen.

All Kéier also, wa sech Chaufferen net un d'Vitesse-Limitatioune gehalen hunn.

Dat äntwert de Police-Minister François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler.

Präziséiert gëtt vum Minister, datt an der Reegel d'mobil Radaren net an oder hannert Tunnellen an den Asaz kommen - geblëtzt géif awer, wann et z.B. e Laangzäitchantier an engem Tunnel géif ginn.

Traurege Rekord vum ze séier fueren, war Freides, den 31. Mee, wéi e Motocyclist mat 212 Stonnekilometer tëscht dem Niklosbierg an dem Groesteen geblëtzt gouf.

Ofschléissend seet de Minister, datt souwuel déi fix, wéi och déi mobil Radare komplementar zoueneen géife funktionéieren, a souwuel e preventiven, wéi och en ofschreckenden Zweck hätten.

Zanter et déi fixe Radaren 2016 ginn, goufe bis Mëtt Mäerz dëst Joer (also an 3 Joer) ronn 800.000 Chaufferen geblëtzt.