Um Dënschdeg haten d'Gemengeresponsabel op eng Visitt vum Schantjen invitéiert.

Elo ass een an der drëtter Phas, wéi den Ingenieur Claude Peschon erkläert: Déi éischt zwou Phase sinn deels parallel gelaf an zwar déi stolen Tuben horizontal asetzen, parallel dozou "Stütze" setzen, déi dat Ganzt herno droen. Déi 3. Phas elo ass d'Connectioun tëscht der Voûte an de vertikalen Stäipen ze maachen. Duerno kennt déi 4. Phas mat den Terrassementsaarbechten bis op de Minus 5.

Mat der Extensioun kommen eng 250 Parkplazen ënnert dem Knuedler bäi. Am Ganze sinn et dann eng 750. Käschtepunkt vun den Aarbechten: 37 Milliounen Euro.