De Maximalpräis fir de Liter 95er (E10) geet e Mëttwoch um Hallefnuecht ëm 2,1 Cent erof op dann 1,240 Euro de Liter.

Den 98er Octan (E5) fält ëm 2,2 Cent op 1,299 Euro de Liter.

Da gëtt och de Mélange 2-T ëm 2,2 Cent méi bëlleg. Dee kascht dann nach 1,822 Euro de Liter.

Den Diesel da këmmt ëm 1,3 Cent op 1,139 Euro pro Liter. Eng Hausse vun 9 Cent pro Kilo gëtt et dann och beim Äerdgas. Hei läit de Präis da bei 0,797 Euro.

De schwiefelfräie Masutt klëmmt ëm 1,6 Cent op 0,660 Euro de Liter. De schwiefelaarme Masutt (50ppm) dogéint fält ëm 1,4 Cent op 0,654 Euro de Liter.