De Maximalpräis fir de Liter 95er (E10) geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 1,9 Cent erof op dann 1,221 Euro de Liter.

Den 98er Octan (E5) fält ëm 1,3 Cent op 1,286 Euro de Liter.

Da gëtt och de Mélange 2-T gëtt 1,3 Cent méi bëlleg. Dee kascht dann nach 1,809 Euro de Liter.

Nodeem de schwiefelfräi Masutt schonn um Donneschdeg gefall ass, ass et dann um Freideg um schwiefelaarmen. De 50ppm geet ëm 2,5 Cent erof op 0,629 Euro de Liter.