Vill Chance haten d'Automobilisten, déi op der A7 Richtung Süden gefuer sinn, wéi e Geeschterfuerer hinne mat héijer Vitess entgéint komm ass.

E Chauffer an engem däischteren Auto ass op der rietser Spur Richtung Norden gefuer... dat heescht op der Iwwerhuelspur, fir déi Automobilisten, déi an déi richteg Richtung op der A7 Richtung Süden ënnerwee waren.

Um Enn vum Video gesäit een, wéi den Auto riicht op e Camion duerfiert, dat op der Héicht vun der Autobunnsopfaart zu Ettelbréck.

D'Police huet eis op Nofro hi matgedeelt, dass e Freideg de Moie géint 10.10 Auer e Geeschterfuerer op der A7 gemellt gouf. Ob et sech elo ëm genee deen doten handelt, kann een net zu 100% soen, mä d'Wahrscheinlechkeet ass grouss. Eng Policepatrull ass direkt op d'Plaz geruff ginn. Si konnten den Automobilist no kuerzer Zäit untreffen a konnten e sécher vun der Autobunn begleeden. Et ass zum Gléck kengem eppes geschitt.