Wéi steet et ëm d'Elektrobronë fir Gefierer? Wou si mer haut drun? Dat wollt den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten vum Energieminister Claude Turmes wëssen.

E groussherzoglecht Reglement vun 2015 hat Maximalzuele vun 800 Bornen op ëffentleche Parkplazen, Parkingen, Park&Riden a Covoiturage-Parkingen identifizéiert, déi bis Enn 2020 kéinte realiséiert ginn.

Wou si mer haut drun? Dat wollt den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten vum gréngen Energieminister Claude Turmes wëssen. Aus der Äntwert geet ervir, datt een um gudde Wee wier, ma datt een awer zemools bei de Park&Riden nach e Stéck vun de gesaten Zieler ewech ass.

Audio: Elektrobornë fir Gefierer / Rep. Pit Everling

72 Bornë sinn op 10 Park&Ride-Sitten operationell. Op engem Véierel vun der genannter Parkingskategorie fanne mer also „Chargy"-Statiounen. Eng ganz Rei Bornë wieren awer am Gaangen, realiséiert ze ginn a vill Parking relaisen, déi mat Bornë wäerten equipéiert ginn, wieren och nach an der Autorisatiounsphas oder nach net operationell.

Nawell wier dovun auszegoen, datt mer bis Enn 2020 op allen operationelle Park&Ridë wäerte Luedstatioune fannen.
Am Reglement vun 2015 wier iwwerdeems och de Parking Héienhaff consideréiert ginn. Dee Projet hätt awer e Retard par Rapport zu engem éischte Planning kritt.

Besser gesäit et op den ëffentleche Parkplazen a Parkingen aus, déi vun de Gemengen definéiert goufen. 239 Chargy-Bornë gëtt et hei. D'Objektiv vu 60% vun den Ziler wier also op den 31. Juli 2019  realiséiert gewiescht, schreift de Minister. Derbäi kommen 53 „Chargy Ok“-Statiounen, déi vun ëffentlechen oder privaten Acteuren op Emplacementer realiséiert goufen, déi fir de Public accessibel sinn.

Wat d'Benotze vun den aktuelle Bornen ugeet, gëtt et iwwerdeems geografesch Ënnerscheeder. Wärend op verschiddene Luedstatiounen am ländleche Raum éischter wéineg Stroum ofgezaapt gëtt, sinn anerer am urbane Raum ganz populär.

Am Mount Juni zum Beispill ass de Site Park&Ride Houwald am beschte gelaf, mat 4.026 Kwh. Bei den eenzele Bornen huet awer eng Installatioun zu Bouneweg d'Nues vir, do waren et 3.034 Kwh.

Am Total waren et fir de genannte Mount iwwregens 65.000 kwh fir den "Chargy"-Reseau. Fir d'"Chargy Plus"-Installatioune waren et souguer 80.000 Kwh. Dat alles ass den Equivalent vu 400.000 elektresche Kilometer.

Et goufen am Juni iwwerdeems 7.373 Rechargen.

An 90 vun den 102 Gemenge gëtt et iwwerdeems op d'mannst eng Bornen, esou nach de Minister Turmes.