De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Freideg um Hallefnuecht ëm 0,9 Cent erof op dann 1,111 Euro de Liter.

Och de schwiefelfräie Masutt (10 ppm) gëtt eng Grëtz méi gënschteg: 0,8 Cent geet deen erof op 0,635 Euro de Liter.

Da fält nach den Äerdgas: Hei mécht d'Baisse 0,6 Cent aus op 0,778 Euro de Kilo.