Eemol den Tour ëm d'Welt den Dag. 2030 sollen all d'Gefierer elektresch fueren.

Qualitativ erwaarden d'Leit sech virop Pünktlechkeet, Frequenz an Ëmsteigméiglechkeeten. Well se praktesch, bëlleg a gutt fir d'Ëmwelt wieren, sinn déi städtesch Bussen esou beléift bei de Leit. Dat huet d'TNS-Ilres mat enger Etüd fir d'Stad Lëtzebuerg erausfonnt, an och, datt 80 % vun de Passagéier zefridden wieren.

Déi allgemeng Ambiance fir Busse wier awer trotzdeem net ëmmer gutt, huet de Stater Verkéiers-Scheffe Patrick Goldschmiddt zouginn, a sot och, hien géiff sech dacks iwwert ze vill Bussen op de Stroossen opreegen. Haaptproblemer den Ament sinn d'Retarden an d'Schantercher, déi Stau a Stress mat sech bréngen.

Ee vun den Objektiver fir d' Bussen an der Stad wier et, hir Pünktlechkeet nach besser z'assuréieren. Duerfir soll vill a virun allem eng besser digital Technik agesat ginn, notamment op den Arrêten. A bis 2030 sollen d'Bussen an der Stad alleguer elektresch fueren.

Dezember 2020 fueren, wann den Tram duerch d'Haaptstad fiert, net manner Städtesch Bussen, ma se fueren anescht, méi an d'Quartieren eran.

Busser an der Stad / Reportage Nico Graf