Den ID.3 ass den éischte rengen Elektro-Modell vun der VW-Famill a soll an der Basisversioun fir ëm déi 30.000 Euro ze kréie sinn.

Et soll den Optakt vun enger neier Ära an der däitscher Automobil-Industrie sinn.

Am VW-Wierk zu Zwickau fänkt e Méindeg de Moien d’Produktioun vum éischten rengen VW-Elektro-Modell un, deen a grousser Serie wäert erauskommen. Genannt gëtt dësen neie Modell ID.3. Dëse kéint iwwregens vun Mëtt 2020 zu Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn.

Dëse wier e Modell, deen eng ganz nei Elektro-Serie soll lancéieren an eben och fir d'Bierger wier. Fir den Ufank vun der Produktioun gëtt sech och d‘Kanzlerin Angela Merkel zu Zwickau erwaart.

Fir e Méindeg den Owend huet Si d’Cheffe vun de groussen däitschen Autosproduzente fir e Sommet an d‘Kanzleramt op Berlin invitéiert. Hei soll iwwert d’Zukunft vum Automobilstanduert Däitschland berode ginn, dee verstäerkt op d’Elektromobilitéit soll setzen, an op d’Digitalisatioun. Detailer aus de Gespréicher sollen net public gemaach ginn.