Alkohol drénken an Autofueren, dat ass eng geféierlech Saach. An domadder soll an Zukunft Schluss sinn.

D'EU-Länner hunn um Freideg eng ganz Rei un obligatoresche Sécherheetssystemer decidéiert. Se gëlle fir nei Ween vun 2022 un. Zum Beispill sollen Autoen net méi ugoen, wann de Chauffer voll ass.

Eng aner Mesure ass ee Warnsystem, deen erkennt, wann ee Chauffer ufänkt, midd ze ginn oder net opmierksam genuch iwwert dem Fueren ass.

All Won soll och eng Zort schwaarz Këscht kréien, wou d'Donnéeën am Fall vun engem Accident kënne genee analyséiert ginn.