Den DP-Deputéierten A.Bauler freet an enger question urgente beim François Bausch no, ob et stëmmt, datt et am Norden e Manktem u Personal a Material gëtt.

Weider ass et d'Fro, ob aus där Ursaach aktiv Chauffeuren hir Rouzäiten net méi kéinten anhalen an ob de Wanterzerwiss op verschiddene Plazen dowéinst net kéint assuréiert ginn. Ponts et Chaussées an den zoustännege Ministère wollten zu dësem Zäitpunkt eis géintiwwer d'Saach net kommentéieren. D'Detailer géingen et an der Äntwert vum Minister Bausch op d'parlamentaresch Fro ginn.