An den nächste Jore sollen op d'mannst op 3 Plazen am Land Radaren op roude Luuchten installéiert ginn.

Nieft der Stäreplaz soll dat och bei der Hollerecher Kierch an um Schlammestee de Fall sinn.

De Radio 100,7 krut dëst vum Transportministère confirméiert.

Et handelt sech ëm Pilotprojeten, déi zum Deel schonn am Aktiounsplang fir méi Verkéierssécherheet dra stinn. E Plang, dee jo dëst Joer presentéiert gouf.

De Ministère schwätzt beim Mëssuechte vu roude Luuchte vun engem extrem geféierleche Phänomen a versprécht sech duerch déi nei Radare méi Verkéierssécherheet.