D’Internetplattform fir gënschteg Taxisservicer hätt zwar Fortschrëtter gemaach, mä d'Transport-Autoritéit TfL sot d’App wier nach ëmmer net fit a korrekt.

Zanter 2017 huet Uber keng Lizenz méi zu London, krut hir al Lizenz awer verlängert, soulaang keen definitiivt Urteel virläit. Haaptkritik ware Sécherheetsmängel.

Ronn 3 Millioune Londoner notzen de Service vun Uber. D'US-Firma huet annoncéiert an Appell ze goen.