Bis d'Joer 2025 solle bei Audi 9.500 Aarbechtsplazen an de Wierker an Däitschland ofgebaut ginn. An anere Beräicher sollen awer 2.000 Plaze geschafe ginn.

Dat mellen däitsch Medien a beruffe sech op firmenintern Quellen.

Ënnert dem Stréch géifen also 7.500 Aarbechtsplazen ewechfalen.