De Schwäizer Aventurier Bertrand Piccard ass och zu Lëtzebuerg keen Onbekannte méi.

Deen ass virun allem fir seng spektakulär Expeditioune mam Ballon oder mam Solar-Fliger bekannt. Bei senger neister Aktioun blouf hien awer mat béide Féiss um Buedem. Zanter e Méindeg ass hie mam Hyundai Nexo ënnerwee. Dat ass ee vun de wéinege Waasserstoff-Autoen, déi een haut schonn ze kafe kritt. Hie wollt 700 Kilometer wäit kommen, dat wier en neie Weltrekord - um Enn goufen et 778 Kilometer.

En Dënschdeg den Owend huet de Bertrand Piccard op sengem Twitter-Konto matgedeelt, datt hien de Rekord geknackt huet.

Ënnerstëtzt gouf hien dobäi esouguer vum Grand-Duc Henri, deen e Méindeg den Owend nieft dem Bertrand Piccard Plaz geholl huet. Um Wee vum Palais zréck op Colmer-Bierg hunn déi zwee, déi sech och privat kennen a schätzen, vill iwwert d'Zukunft vun eiser Mobilitéit diskutéiert.

De ganze Reportage gëtt et e Sonndeg am Automag op RTL Télé.