Eng 1.000 Zich zirkuléieren all Dag an der Stater Gare, mat ronn 70.000 Passagéier pro Dag.

Ausbauaarbecht op der Stater Gare / Rep. Christophe Hochard

Dës Zuelen eleng beleeën, wéi wichteg et ass dës Gare auszebauen. Ma dat ass kee klénge Projet, deen d'lescht Joer ugefaangen huet an 2024 fäerdeg soll sinn. De 15. Dezember wäert awer schonn ee vun zwee neie Quaien opgoen.

De Quai 5 gëtt vum 15. Dezember u benotzt, domadder dann och de Gleis 11 - 311 Meter laang ass den neie Quai. Gläichzäiteg kann och de Gleis 10 um Quai 4 nees a Betrib geholl ginn.

2021 sollen déi 2 nei Quaien a 4 nei Gleiser fäerdeg gebaut sinn. Et gëtt och eng nei Passerelle gebaut. D'Vergréisserung vun der Gare ass ënnert anerem och wichteg mat Bléck op d'Neibaustreck Lëtzebuerg - Beetebuerg.

171 Milliounen Euro kascht de komplette Projet.