Fir d'Klimaziler am Verkéier z'erreechen, fuerdert d'Umweltbundesamt drastesch Mesuren.

Méi héich Bensinspräisser, en Tempolimit a méi en héije Peage fir Camionen.

All Privileegie fir Déngschtautoen a fir den Diesel missten ewech falen. Och déi sougenannt Pendlerpauschal soll gestrach ginn, schreift d'Süddeutsche Zeitung a berifft sech op eng intern Etüd vum däitschen Umweltbundesamt.

D'Klimaziler fir de Verkéier wären ambitionéiert, awer „machbar“.

D'Etüd proposéiert, datt bis 2030 déi méi gënschteg Steieren um Liter Diesel, ëm 70 Cent an d'Luucht ginn. De Bensin géif 47 Cent méi deier ginn.

Op den däitschen Autobunne sollt eng Vitesslimitatioun vun 120 km/h kommen, seet d'Umweltbundesamt.