Eng 2.350 Autoe goufen am Joer 2018 ofgeschleeft a koumen dunn an d’Fourrièren.

Duerch d'Frais de gardiennage koumen zejoert 160.340€ zesummen, duerch Avertissements taxés 9.850.000€. Ma och wann d'Automobilisten déif an d'Täsch gräife mussen an deier Léiergeld bezuelen, ginn d'Zuelen erop. Eleng an der Fourrière um Findel hu se elo schonn 2019 méi Autoen erakrut wéi am ganze leschte Joer.

D'lescht Woch hat d'Police an deem Kontext eng Campagne lancéiert, bei där bannent 2 Deeg 500 Avertissements taxés geschriwwe goufen. Dorënner 190 Gefierer, déi en Trottoir blockéiert hunn. Vill Chauffeuren hale sech also net un de Code de la route, obwuel et geféierlech fir Foussgänger a Cyclisten ass. Et kann och richteg vill Geld kaschten...