An der Chamber gouf e Mëttwoch eng weider Ofännerung zum Gesetz iwwert d'Vëlospisten am Land, unanime ugeholl.

Zum aktuellen Netz vu ronn 600km Vëlospisten, sollen der an den nächste Jore gutt 500 derbäi kommen.

Aktuell Verbindunge sollen iwwerschafft a verbessert ginn, och op kommunalem Niveau, an och d'Beschëlderung soll optimiséiert ginn.
Festgehale gouf och, dass zwou sougenannten Express-Vëlospisten sollen entsoen, déi engersäits d'Stad mat Beetebuerg, an d'Stad mat Esch solle verbannen.