Op Uerder vum Procureur waren en Donneschdeg den Owend an hënt Alkoholkontrollen zu Gonnereng, zu Hesper an an der Stad.

Alles an allem hunn 525 Chauffeuren misste blosen. 25 haten der ze vill gedronk, 6 Permisen goufen nach op der Plaz agezunn.

Géint 1 Auer e Freideg de Moien war op der Areler Autobunn iwwerdeems e Camion ferme am Zickzack ënnerwee. D’Police huet dat schwéier Gefier gestoppt. De Chauffeur hat geduuscht, gouf protokolléier a säi Camion saiséiert.