Am Sträit ëm eng Vitesse-Limite op däitschen Autobunnen, kënnt elo e klore Message vu Berlin.

D'Bundesregierung léisst via eng Spriecherin wëssen, datt keen Tempolimitt geplangt ass, dat stéing net am Koalitiounsaccord an et géing och keen neien Ament ginn.

Zënter Woche streide sech d'SPD-Ëmweltministesch Schulze an den CSU-Transportminister Scheuer.  Déi nei SPD-Spëtzt hat d'Fuerderung jo rezent relancéiert a mat der Sécherheet a mam Klima argumentéiert.

Am Oktober war am Bundestag mat grousser Majoritéit géint eng Vitesslimitt gestëmmt ginn.