Vun Dezember 2020 u kënnt ee beispillsweis mam Tram bis op d'Gare. An de Spëtzestonne soll all 3 Minutten en Tram fueren. Den Trajet dauert da 25 Minutten.

Geplangte Park & Ridë ginn et der eng ganz Partie, ee Beispill ass deen iwwer der Gare Routière Luxexpo. Mir hunn eis e puer Chantieren ugekuckt, déi am neie Joer en Enn solle fannen.

Ausbau vum Tram-Reseau, neie Stadion a Co.

Am neie Joer soll dëse Parking um Kierchbierg opgoen. 500 Autoe fannen dann hei eng Parkplaz. E geneeën Datum fir d'Ouverture ass nach net gewosst. Besonnesch fir den Uschloss un den Tram ass dëse Park & Ride awer wichteg.

Vun Dezember 2020 u kënnt ee mam Tram dann och bis op d'Gare. An de Spëtzestonne soll all 3 Minutten en Tram fueren. Knapp 25 Minutten dauert et dann, fir vun der Luxexpo bis op d'Gare ze kommen. D'Geschäftsleit, déi et elo duerch d'Chantiere schwéier hunn, dierfe sech dann op e besseren Accès freeën.

An den Ausbau vum Tram-Reseau suergt och fir eng Partie Ännerungen op de Stroossen. Well den Tram iwwer d' Nei Avenue soll fueren, gouf fir d'Busser op der Aler Bréck eng Busspuer opgemaach. Esou kënnen d'Busser iwwer déi Al Avenue op d'Gare fueren.

De Viaduc gëtt dann och 2,4 Meter méi breet an dat, well eng Vëlospist an en Trottoire bäigebaut ginn. Dës Erweiderung fir Vëlosfuerer a Foussgänger soll am Januar 2020 opgoen. All d'Aarbechten un der Bréck sollen da bis d'Enn vum nächste Joer ofgeschloss sinn.

E weidere Chantier, deen am Joer 2020 fäerdeg gëtt, ass dee vum neie Stadion. Mat enger Fläch vu knapp 25.000 Quadratmeter a Sëtzplaze fir ronn 10.000 Spectateure sollen am neie Stadion Futtball- a Rugby-Matcher gespillt ginn. D'Käschte vum Stadion sinn no den éischten Estimatioune vun 30 bis 35 Milliounen Euro, mëttlerweil op bal 80 Millioune geklommen.

Déi wichtegst Chantiere vun Ponts et Chaussées, déi 2020 fäerdeg ginn:

- D’Aarbechten um Echangeur Diddeleng-Biereng sinn schonn zanter e puer Joer am Gaangen. Virun der Summervakanz soll dëse Chantier dann awer ofgeschloss ginn. Den Ament gëtt nach de Lärmschutz agebaut an eng gréisser Luuchtenanlag kéint eventuell och nach op déi Plaz kommen.

- De Chantier ronderëm d’Suppressioun vun der Barrière zu Walfer soll och dëse Summer fäerdeg ginn. De Stroossereseau ronderëm dës Plaz geet dann nees op an et soll een da vun enger Säit op déi aner vun de Schinnen kënne kommen, ouni musse bei enger Barrière stoenzebleiwen.

- E weidere Chantier, dee virum Summer soll fäerdeg ginn, ass den „Couloir multimodal“ tëscht Ettelbréck an Dikrech. Op béid Säite vun der Strooss geet dann hei virum nächste Kollektiv-Congé jeeweils eng Busspuer op.

- D’Aarbechte ronderëm d’Pattons-Bréck kommen och virun. Enn vun dësem Joer soll den Tronçon tëscht der Ettelbrécker Gare an dem Rond-point Dräieck fäerdeg sinn.

-Fir d‘Transversale Klierf gëtt den Ament um Viaduc Irbich geschafft. Enn dës Joer sollen d’Aarbechten um Viaduc fäerdeg ginn. Et kommen awer duerno nach gréisser Terrassements-Aarbechten op der Strooss vun Reiler/Ischpelt op Klierf. An da kënnt och nach e Viaduc iwwer den Dall vun der Wolz.