An 3 grousse belsche Stied gëllen am neie Joer streng Reegele fir méi al Dieselgefierer. Och zu Barcelona gëlle vun elo u méi Restriktiounen.

Fir Bensins- oder Gasautoe gëllt d'Euro-2-Grenz. Zu Antwerpen a Gent brauchen och Euro-4-Dieselen eng extra Autorisatioun.

Der belscher Automobilfederatioun FEBIAC no si ronn 17 Prozent vun den Dieselgefierer vum Verbuet betraff.

Och déi katalanesch Haaptstad Barcelona huet en Donneschdeg ee Verbuet fir Gefierer ausgeschwat. Dëst fir Bensinner, déi virum Joer 2000 enregistréiert goufen. Och Diesel-Autoe si vum neie Verbuet betraff, hei si Gefier concernéiert, déi virun 2006 fir de Stroosseverkéier zougelooss goufen.