Vum éischte Januar d'nächst Joer u sollen Automobilisten op enger ganzer Partie Stroossen zu Bréissel just nach mat 30 Stonnekilometer fueren duerfen.

Wéi eng Stroossen concernéiert sinn, soll e Méindeg decidéiert ginn, d'Kaart soll nämlech finaliséiert ginn, schreift de Soir. Un den Haaptachse géif sech näischt änneren, do soll entweder weider mat 50 oder 70 Stonnekilometer gefuer ginn.

Dat Ganzt schreift sech an eng Initiativ an, fir d'Leit dozou ze beweege manner mam Auto ze fueren, mä méi op déi douce Mobilitéit ze setzen. D'Zon fir Foussgänger sollen och méi ausgebaut ginn.