Et ass d'Noriicht vum Dag: Den Diesel klëmmt ëm 6,8 Cent, den 98er Bensin ëm 5,3.

Et ass eng eenzel Hausse, wéi et se ganz seelen zu Lëtzebuerg gouf. Dës féiert dann och zu engem Dieselpräis, deen esou héich ass, wéi zanter 2014 net méi.

Grad an de soziale Medie gouf sech iwwert dës Hausse immens opgereegt an do stellt ee sech dann d'Fro, ob vill Leit driwwer nodenken, fir bei esou héije Spritpräisser, den Auto méi dacks stoen ze loossen, wa si sech dëse Schratt erlabe kënnen.

Dës Ëmfro representéiert d'Meenung vun de User vun RTL.lu.