Zënter dem 10. Dezember 2017 fiert nees en Tram zu Lëtzebuerg.

Ugangs bis bei d'Rout Bréck a mëttlerweil geet den Trajet bis bei d'Stäreplaz. Den Ament lafen d'Ausbauaarbechten bis bei d'Stater Gare.

Enn des Joers soll den Tram de Kierchbierg mat der Gare verbannen. Spéider soll de Findel mat der Cloche d'Or mat Hëllef vun der Stroossebunn zougänglech sinn.
Mir mussen nach virun op d'Zänn bäissen, wat d'Chantieren an der Stad uginn, dat sot d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer um Neijoerschempfang vun der Gemeng. Virun allem den Tramschantier wäert viru fir Problemer am Trafic suergen.

Zënter Dezember 2017 fiert nees en Tram zu Lëtzebuerg. Bis ewell fiert e jo bis bei d'Stäreplaz. Enn 2020 soll den Tracé tëscht der Stäreplaz an der Gare Centrale operationell sinn.

Do dernieft ginn et nach weider Projeten a Saachen Tram Ausbau. Sou soll bis 2027/28 de séieren Tram op de Schinne stoen.