Eng éischte Kéier war den Zuch an der Nuecht op e Méindeg ënnerwee. Ma de ganzen Trajet ass nach ausbaufäeg, well ënner anerem ass d'Fuerzäit ze laang.

Alternativen zum Auto an zum Fliger sollen ausgebaut ginn. En neien, éisträicheschen Nuetszuch, "Nightjet" genannt, vu Wien huet e Méindeg de Moie Bréissel erreecht.

Um 10.55 Auer ass en zu Bréissel ukomm. U Bord eng Rei Europadeputéiert an och de Chef vun der éisträichescher Bunn. Knapp 14 Stonnen huet den Zuch gebraucht.

U Bord war och den EU-Ambassadeur Martin Selmayr. D'Streck wär ausbaufäeg, huet hie gesot. Hien hätt gutt geschlof, e gudde Kaffi kritt, mä et géif nach ze laang daueren. Kee Wifi u Bord a just zwou Verbindungen d'Woch.

D'Rees am Schlofwagon Wien-Bréissel ass mat 40 Kilo Kuelendioxid méi klimafrëndlech wéi e Vol mat 410 Kilo.