Lues awer sécher hëlt den neie Rond-point an der Entrée vun Diddeleng, wann ee vu Beetebuerg kënnt, Form un.

Ënnert anerem goufen d'Leitplanke lescht Woch fixéiert. De Gros vun den Aarbechte sinn zanter Enn leschtem Joer ofgeschloss. Virun allem de Bau vun de 4 Brécke war zäitopwänneg.

Am Mee fänkt eng nei Etapp un. Da wäert déi éischt vun am Ganzen 3 Spuere fir den Trafic opgoen. Enn 2020, Ufank 2021 wäert de ganze Rond-point operationell sinn. Dëse soll den Trafic méi fléissend maachen.

Den neie Rondel huet en Duerchmiesser vun 135 Meter a besteet aus 6 Accèsen. En ass mat deem vum Irgäertchen ze vergläichen.

De neie Kreesverkéier tëscht Diddeleng a Beetebuerg huet spéider eng Kapazitéit vu 40.000 Autoen den Dag a gëtt ouni rout Luuchten gereegelt. Och eng Vëlospist gëtt laanscht de Rond-point amenagéiert. 51 Milliounen Euro kascht dëse Projet.