Zanter 2007 informéiert d'Online-Plattform d'Konsumenten doriwwer, wéi eng Apparater, déi den Ament um Marché sinn, besonnesch ëmweltfrëndlech sinn.

Vun Ufank u mat dobäi sinn d’Autoen, déi um Internetsite "oekotopten.lu" eng eege Kategorie hunn. Wärend dem Autosfestival kritt een hei een Iwwerbléck wéi eng Marken a Modeller eis Ëmwelt am mannste belaaschten.

Vu Joer zu Joer ginn d’Krittären ugepasst, dat heescht méi streng. Een Auto, deen et d’lescht Joer an d’Oekotopten  gepackt huet, ass haut vläicht schonn net méi dobäi. D’Constructeure maache jo permanent Fortschrëtter, an dee Fortschrëtt bréngt mat sech, datt d’Krittären ëmmer méi restriktiv ginn. Dëst Joer hunn dowéinst, eng éischte Kéier, just nach reng Elektro-Autoen a Plug-In-Hybriden et op d’Lëscht gepackt.

Ma och reng Elektrogefierer kommen net automatesch op d'Lëscht vun den Oekotopten. Well och hei ginn et Ënnerscheeder. Déi eng brauchen nun emol méi Stroum wéi di aaner.

Natierlech gëtt den Internetsite wärend dem Autosfestival besonnesch vill consultéiert, ma déi Lëscht ass awer dat ganzt Joer iwwer online a gëtt och permanent aktualiséiert.

De Site erlaabt et fir d'Autoen no verschiddene Krittären ze sortéieren. Zum Beispill der Autonomie, dem Verbrauch oder dem Präis no.