En Donneschdeg um Hallefnuecht kënnt et nach emol zu enger Baisse op der Pompel, just de 95er bleift onverännert.

De Maximalpräis fir de Liter 98er geet ëm 1,6 Cent erof a läit da bei 1,288 Euro de Liter.

Den Diesel gëtt, no enger Baisse den 30. Januar ëm 1,7 Cent, nach emol ëm 3,3 Cent méi bëlleg. Da kascht de Liter nach 1,088 Euro.

2,3 Cent manner ass et beim Äerdgas. Do geet de Kilopräis op 0,762 Euro erof.

Minus 1,6 Euro pro Liter beim Mélange 2-T, fir deen d'Clienten nach 1,811 Euro pro Liter musse bezuelen.

Och de Masutt gëtt méi bëlleg: De Liter schwiefelfräien (10 ppm) geet ëm 3,4 Cent zeréck op 0,553 Euro a beim schwiefelaarmen (50 ppm) ass et e Minus ëm 3,2 Cent op 0.550 Euro de Liter.