En Tempolimitt op däitschen Autobunnen – e grousst Sträitthema iwwert dat um Freideg alt nees mol ofgestëmmt gëtt. Dës Kéier am däitsche Bundesrat.

Ëmfroen no, gëtt et an Däitschland eng Majoritéit fir eng Vitesslimitatioun. De CSU-Verkéiersminister Scheuer wëll en Tempolimitt verhënneren, vill SPD-Politiker ënnerstëtzen et.

Den Automobilclub ADAC mat 21 Millioune Membere weist sech "neutral".

Et gëtt erwaart, datt sech um Freideg am Bundesrat vill Länner enthalen. Berlin a Bremen si bis ewell just kloer fir en Tempolimitt.