Déi éischt Tramsschinne luusse mëttlerweil aus der Avenue Emile Reuter eraus a siche sech hire Wee iwwer de Boulevard Royal.

Den Tram soll jo Enn des Joers bis op d'Gare fueren. Den Ament sinn d'Schinne bis an d'Avenue Emile Reuter geluecht. Dës Woch gouf vun der Schoulvakanz profitéiert, fir nach en Zant zouzeleeën. Gläichzäiteg ass et awer och e Schantjen dee Prezisioun a Gedold vun den Aarbechter verlaangt, fir d'Tramsschinnen uneneen ze schweessen.

Déi éischt Tramsschinne luusse mëttlerweil aus der Avenue Emile Reuter eraus a siche sech hire Wee iwwer de Boulevard Royal.

Schinne verleeën ass eng Prezisiounsaarbecht. Et gëllt ëmmer nees, Distanz tëscht de Schinnen ze kontrolléieren. D'Toleranz-Grenz läit bei 2 Millimeter, duerno ginn d'Schrauwen ugezunn.

D'Schinne goufe bei Arcelor Mittal hiergestallt. Déi eng zu Hayange an déi nächst déi geliwwert ginn, kommen aus dem Wierk vu Rodange.

E Freideg goufen déi eenzel Schinnen zesummegeschweesst. An engem Dag kréien d'Aarbechter am Ganzen der 6 gemaach.

Eng Tramsschinn huet eng Längt vun 18 Meter a bréngt eng Tonn op d'Wo. Wärend 2 Woche gouf op dëser Héicht vum Chantier geschafft. Ronn 20 Leit sinn all Dag am Asaz.

Bis Mëtt Mäerz daueren d'Aarbechten op der Héicht Avenue Emile Reuter a Boulevard Royal.

D'Aarbechten op dësem Eck vum Schantje lafen op Héichtouren. Mä net nëmmen do, och an der Neier Avenue hëlt den Tracé vum Tram esou lues Form un. Bis bei d'Spuerkeess-Gebai leien d'Schinnen.

Am Oktober wäerten d'Signaler op der Streck getest ginn an d'Tramschauffere kréien eng Formatioun.