D’ADR verlaangt, dass déi Leit déi schonns eng Adapto-Kaart hätten, dës och an Zukunft solle kënne benotzen an net extra eng nei missten ufroen.

Vun e Sonndeg un’s gëtt den ëffentlechen Transport hei zu Lëtzebuerg jo gratis. Och den Adapto-Service kascht vun do un dann näischt méi.

An engem Schreiwes vun e Méindeg, reegt sech d’ADR awer driwwer op, dass Leit, déi an der Vergaangenheet ewell schonns eng Adapto-Kaart haten, elo op e neits all d‘Prozeduren missten duerchlafen, an eng Nei ufroen.

Dat wier fir eeler Leit oder Persounen mat Behënnerung eng onnéideg administrativ Schikan, heescht et an engem Communiqué vun der Oppositiounspartei, an en onnéidegen an deieren administrativen Opwand. D’ADR verlaangt, dass déi Leit déi schonns eng Adapto-Kaart hätten, dës och an Zukunft solle kënne benotzen.

Et géif een net acceptéieren, dass den Transportminister op Käschte vu villen eelere Leit wéilt Sue spueren.