Vun e Sonndeg un ass den ëffentlechen Transport gratis. An dat huet och Konsequenze fir d'Zuchbegleeder.

D'Tickete ginn nëmmen nach an der éischter Klass kontrolléiert. De Pierre Weimerskirch huet um Dënschdeg e Schaffner bei senger Aarbecht begleet. Et ass déi lescht Woch, wou nach d'Passagéier hire Billjee weise mussen.

Den Pedro Tavares Carvalho ass ee vun den 297 Zuchbegleeder vun den CFL. Zanter Februar 2013 schafft hien op der Eisebunn. Den Alldag ass méi wéi nëmmen Billjeeën ze kontrolléieren. Eng Aarbecht, déi den 1. Mäerz gréisstendeels ewechfält. Nëmmen an der éischter Klass brauch ee nach en Ticket.

Den Interview mam Mylène Bianchy vun der Syprolux

Den Interview mam Mylène Bianchy vun der Syprolux
Vun e Sonndeg un ass den ëffentlechen Transport gratis. An dat huet och Konsequenze fir d'Zuchbegleeder.

D’Mylène Bianchy, d’Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux weist sech am RTL-Interview alles anescht wéi begeeschtert iwwert de gratis ëffentlechen Transport. Et géif een et de Leit dobaussen zwar gënnen, mä op infrastrukturellen an operationelle Plang wier een bei der CFL nach net prett.

Op méi Leit op den ëffentlechen Transport an Zukunft wäerten zeréckgräifen, géifen déi nächst Wochen a Méint weisen. Et géif een awer dovunner ausgoen, dass d’Leit awer vun dëser Offer profitéieren.

Reng d’CFL huet an deenen nächste 5 Joer eng ganz Partie u Chantieren déi misste realiséiert ginn, hei wiere virun allem grouss Projete wéi d’Streck Lëtzebuerg – Beetebuerg, den Ausbau vun der Stater Gare oder d’Ettelbrécker Streck, déi mam ETCS ausgerëscht gëtt, ze nennen. Et hätt een hei léiwer gewaart, bis dës Projete fäerdeg wieren. Och a punkto Informatiounskonzepter hätt een sech gewënscht, dass dës méi a besser an d’Strukturen implementéiert hätt, iert de gratis ëffentlechen Transport kënnt.

An Zukunft sollen d'Zuchbegleeder de Passagéier kënnen Carte d’Identitéë froen, sollten déi sech net behuele wéi se sollen an och e PV ausstellen. De Passagéier kéint souguer ausgeschloss ginn. Dëst géif der Syprolux an déi richteg Richtung goen, et wier eng wieder Ausféierung vum Gesetz aus dem Joer 2009. Et wier awer ze betounen, dass eng Police scho Schwieregkeeten hätt, eng Carte d’Identité ze froen, et mécht een sech Gedanken, op dat gutt bei der Clientèle ukënnt, wann Zuchbegleeder dëst maachen.

D’Personal géif dann och schonn am Kader vum gratis ëffentlechen Transport forméiert gi sinn a gëtt och nach méi pointéiert forméiert, da virun allem a Richtung vum Service an der Informatioun. Et misst ee lo kucken, wéi d’Leit dat dobaussen ophuelen. D’Suerg, dass d’Fäll vun Aggressiounen erop géife goen, ass natierlech do. 2020 goufen et där Aggressioune bis ewell schonn 2.

Äddi Ticket-Automaten, Fotoen vun den Aarbechte vu Luxtram um Mëttwoch