2019 sinn op den däitsche Stroossen 3.059 Mënschen ëm d'Liewe komm. Dat ass déi niddregst Zuel, zanter déi Statistik erfaasst gëtt.

Virun iwwer 60 Joer gouf ugefaangen, d'Zuel vu Verkéiersdoudegen an Däitschland ze notéieren. 2019 si 6,6% manner Leit op den däitsche Stroosse gestuerwe wéi nach 2018.

Wéi dat statistescht Bundesamt schreift, wiere ronn 384.000 Persounen zejoert bei Accidenter blesséiert ginn, wat eng Baisse vun 3% ass. Manner Verwonnter heescht awer net onbedéngt manner Onfäll am Trafic. Der däitscher Police goufen ëm 2,7 Milliounen Accidenter gemellt, also 1,9% méi.