Well ee Parking bei der Kautebaacher Gare wéinst Héichwaasser zou ass, parke vill Leit, déi do den Zuch huelen, op der Strooss. Dat gëtt eng deier...

D'RTL-Redaktioun krut Fotoe geschéckt, wou ee gesäit, wéi e sëllegen Autoen an der Géigend vun der Kautebaacher Gare um Mëttwoch Protokoller kritt hunn.

De Parking direkt bei der Gare ass wuel voll, an e Parking vis-à-vis vun der Gare ass scho wochelaang wéinst Héichwaasser net accessibel.

© Luc Weimerskirch

Dowéinst parken d'Leit, déi zu Kautebaach op der Gare den Zuch huele fir op d'Schaff, op der Strooss fir bei d'Gare, e Foussgängerwee, dee fir Schoulkanner geduecht ass.

Dat huet dann d'Wëlzer Police op de Plang geruff. Déi hunn nämlech um Mëttwoch all deenen Automobilisten e Protokoll geschriwwen.

© Luc Weimerskirch

D'Gemeng Kiischpelt huet op eis Nofro dëst confirméiert. Et gëtt awer betount, dass Busser bis op dës Gare a virun allem och bis op Wëlwerwolz fueren, sou dass een an sech guer net misst mam Auto bis op dës Plaz fueren, well et gutt Verbindunge mam ëffentlechen Transport ginn.

En Donneschdeg soll de Parking nees op sinn, dat natierlech just, wann de Waasserpeegel effektiv erofgaangen ass.