Si leeden e Rees-Magasinn a sinn extra fir de gratis ëffentlechen Transport fir e Reportage op Lëtzebuerg komm.

De gratis ëffentlechen Transport spléckt d’Meenungen: déi eng sinn dofir, déi aner dogéint.  D’Nicky Gardner an d’Susanne Kries gehéieren zu deem éischte Camp. Sie si souguer esou begeeschtert vun dëser Ännerung, dass se dofir extra vu Berlin op Lëtzebuerg komm sinn, fir dëse Moment mat z'erliewen. Fir hire Rees-Magasinn schreiwe si nämlech een Artikel iwwer Lëtzebuerg a säin “nationaalt Experiment”, wéi si soen.

De gratis Transport als Touriste-Magnéit
D'Susanne an d'Nicky leeden e Rees-Magasinn a sinn extra fir de gratis ëffentlechen Transport fir e Reportage op Lëtzebuerg komm.

Ee Joer laang hunn d’Nicky an d’Susanne op dësen Dag gewaart. Et ass den éischte Mäerz, den Dag, wou Lëtzebuerg offiziell de gratis ëffentlechen Transport aféiert. “Es ist eine ganz wunderbare Sache und wir sind sehr froh, dass wir schon am Samstag da waren, weil ja der Tag vorgezogen wurde”, esou d’Susanne Kries.

Déi zwou Auteure komme vu Berlin, wou si ee Rees-Magasinn leeden. Als begeeschtert Benotzer vun ëffentlechen Transportmëttel, war fir si kloer, dass si Lëtzebuerg besiche wéilten an d’Thema an engem Artikel opgräifen.

Mobilität – wir denken immer, dass das ein Privileg ist. Aber wenn ein Land sagt ‘Mobilität ist frei’, das ist wirklich etwas Besonderes”, fënnt d’Nicky Gardner.

D’Nicky an d’Susanne ware scho viru méi wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg, fir een Artikel iwwer Schengen ze schreiwen. Elo wëlle si méi vum Land gesinn a maache sech op eng Entdeckungsrees, mat Hëllef vu Bus an Zuch, hire Liblings-Fortbeweegungsmëttel. Et géing een de Mënsche méi no kommen a méi vun der Stad gesinn, wann een ëffentlech Verkéiersmëttel benotzt, erkläert d’Susanne hir Begeeschterung fir den Transport Public.

Egal ob eng kuerz oder laang Rees, fiert ee mam ëffentlechen Transport, muss ee gutt virbereet sinn, erkläert d’Nicky. Virun allem bräicht ee gutt Fuerpläng déi ëmmer “up to date” sinn. Dat Allerwichtegst ass fir d’Nicky an d’Susanne awer Zäit. Zäit hunn a sech Zäit huelen – dofir fuere si och gär mam Zuch, erkläre si. Fir hir Aarbecht si si esou schonn duerch ganz Europa gereest, am léifsten awer op entleeë Plazen, déi si selwer entdecke kënnen. Groussstied wieren nämlech dacks net charakteristesch fir ee Land.

Dofir besiche si op hirem Trip duerch Lëtzebuerg ënnert anerem Diddeleng. Do hunn d’Susanne an d’Nicky RDV am “Centre de Documentation sur les Migrations Humaines”, wou se méi iwwert déi italienesch Migratioun gewuer ginn. Wéi sou dacks, hu si spontan sur place decidéiert, wéi een Thema kéint interessant sinn, fir een Artikel. Dass se ëmmer rëm eppes Neies léieren a gesinn, wier fir si dat Schéinst un hirem Beruff. An d’Flexibilitéit an d’Zäit, eppes wat si an hirem fréiere Beruff als Dozentinnen op der Uni net gehat hätten.

Wat den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ugeet, zéie si no 3 Deeg ee positive Bilan.

“[Kostenloser öffentlicher Transport] ist ein wunderbares Geschenk. Soziale Mobilität zu haben, ist ganz wichtig. Wir sehen es ja wenn Leute es sich gar nicht leisten können zu fahren, das heißt sie können Freunde vielleicht nicht besuchen. Das gibt Freiheit, und das ist schon toll.”, esou d’Susanne Kries.