De Weekend iwwer ass nees de bekannten Autojumble an der Luxexpo The Box, déi gréissten Oldtimer-Expo an der Groussregioun.

E Samschdeg huet sech um Kierchbierg alles ëm den Oldtimer gedréint. Autoen, Motorrieder, Bussen oder Trakteren, vun al bis ganz al kann een dëse Weekend an der Luxexpo bewonneren.

Den Autojumble ass dee Rendezvous fir all d'Oldtimer-Fans. De besonneschen Highlight dëst Joer ass d'Ausstellung „Legenday Mini“ mat sëllegen Autoe vun der brittescher Autosmark. Mat vun der Partie war och d'Rallye-Legend Paddy Hopkirk, déi viru 56 Joer iwwerraschend de Rallye Monte Carlo op sengem Mini Cooper S gewonnen huet.

D'Rallye-Legend Paddy Hopkirk: „De Mini huet d'Welt iwwerrascht ewéi en den Tour de France 1963 a senger Klass gewonnen huet. Ech war deemools iwwerall op den Televisiounen. D'Fransousen hu sech du komplett an den Auto verléift, well mir déi grouss etabléiert Autosmarke geklappt hunn. Et war eng David géint Goliath Kompetitioun. De Mini huet d'Häerzer vum Public gewonnen.“ Ma an de Foireshale konnt een e Samschdeg eng ganz Rëtsch schéin Autoe gesinn. An d'Organisateure weise sech trotz e bësse manner Spectateuren zefridden.

De Vize-President Dan Medinger: „Mir hunn hei eng Fläch vun zirka 2.000 Quadratmeter mat schätzungsweis 180 Autoen, déi elo hei an den Hale stinn. Et ass och esou, datt mer dëst Joer Chance hunn, datt d'Wieder net schlecht ass, sou datt mer och dobaussen nach en Oldtimer Parking hunn. An deen ass och zimmlech voll.“

D'Oldtimer-Zeen entwéckelt sech gutt zu Lëtzebuerg, esou d'Federatioun. All Joer kommen nei Leit bäi, déi sech fir d'Klassiker op 4 Rieder begeeschteren.

De Vize-President Dan Medinger: „Mir maachen zanter e puer Joer e gewëssenen Opschwong mat. Mir hunn och nees ganz vill Jonker, déi sech erëm fir den Oldtimer intresséieren.“

Den Autojumble geet nach bis e Sonndeg den Owend 18 Auer an der Luxexpo um Kierchbierg.

Weider vill flott Fotoe vum Autojumble 2020