DEm ILR no sinn d'Stroumpräisser an engem Joer an der Moyenne ëm 10% an d'Luucht gaangen. E Fakt, dee vum Deputéierte Mars Di Bartolomeo hannerfrot gëtt.

Notamment um Punkt, op dës Hausse net d'E-Mobilitéit géif kompromettéieren. Nee, äntwert den Energieminister Claude Turmes, dee virrechent, datt e Chauffer mat engem Elektro-Auto par Rapport zu engem Diesel oder Bensinner bis zu 4,5 Euro op 100 Kilometer aspuert duerch d'Fraisen, déi manner héich wieren.

Och wier de Stroum mat engem TVA-Taux vun 8% hei am Land méi bëlleg wéi am Ausland, seet de Minister Turmes.

D'Hausse ëm 10% vun de Stroumpräisser ass absënns op d'Fluktuatiounen op den europäesche Mäert zeréckzeféieren, wou d'Energie vun de Fournisseuren akaaft a gehandelt gëtt.

Iwwerdeem géif de Staat eleng fir dëst Joer ronn 50 Milliounen Euro an de Kompensatiounsfong abezuelen, dee fir d'Gestionnairë vun de Stroum-Reseaue spillt.

Et mécht dann och Sënn, d'Offer a puncto Stroum vun de verschiddene Fournisseure mateneen ze vergläichen, betount den Energieminister. Dat via Websäit calculix.lu. Wann ee gutt matenee vergläicht an dee richtege Choix vum Stroum-Fournisseur mécht, kéinte bis zu 100 Euro op der Rechnung fir d'Elektrescht pro Joer gespuert ginn.