Wéinst engem Problem mam automatesche Bremssystem AEB, rifft Volvo elo weltwäit 736.430 Autoen zeréck.

Et ka wuel zu Situatioune kommen, wou den automatesche Bremssystem net wéi geplangt funktionéiert. Berichter iwwer Accidenter oder Tëschefäll ginn et awer aktuell nach keng. Den normale Bremssystem funktionéiert awer problemlos, dofir géif och kee Sécherheetsrisiko bestoen.

Betraff sinn d'Modeller  XC40, S60, V60, V60CC, XC60, S90, V90, V90CC an XC90 vun de Baujoren 2019 an 2020.