De Maximalpräis fir de Liter 98er geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 5,3 Cent erof op dann 1,026 Euro de Liter.

Den Diesel fält dann och weider an zwar ëm 4,6 Cent. Elo brauch een nach fir 1 Liter 90,5 Cent ze bezuelen.

E Minus vu 5,3 Cent gëtt et beim Mélange 2-T op nach 1,549 Euro pro Liter.

Och de Masutt gëtt méi bëlleg. Ëm 4,2 Cent fält de Schwiefelfräien (10ppm) op 0,377 Euro. De Schwiefelaarmen (50ppm) kascht nach 0,378 Euro de Liter. E Minus vu 4,1 Cent.

Eng Baisse dann och beim Äerdgas. Hei ass et e Minus vun 3,2 Cent op dann nach 0,634 Euro de Kilo.